22/04/2026
D’Amicale invitéiert op hire Reconnect-Owend, deen e Mëttwoch, den 13.5.2026 um 19.30 Auer, virum Feierdag stattfënnt. Mir freeën eis op e flotten, inspiréierenden Owend am PARC LE’H, wou en excellente Menu op eis waart!
Umeldungen nëmme bis de 06.05.2026 iwwert e Mail op [email protected] an dem äre Choix steet vun deenen eenzele Platen an op een de Forfait Boissons (=VV) wëllt.
Dat heescht z.B. : AE2+VV
D’Reservéierung ass definitiv mat engem Virement op eise Konto:
AMICALE DU LYCÉE NIC BIEVER
LU66 0019 7955 8618 3000
60 Euro fir de Menu
25 Euro fir de Forfait Boissons ( 4 Glieser Wäin oder Béier an 1/2 l Waasser)
Alles wat doriwwer eraus consomméiert gëtt, gëtt owes sur Place bezuelt.
D’Amicale ass frou eng Coupe Bubbly vum Schumacher-Lethal als Aperitif mat hiren 2 amuse-bouche ze offréieren.
Bis den 13.05.2026 also🥂
13/03/2026
Mir wollten iech op eis dësjäreg Generalversammlung en Dënschden, de 24. Mäerzum 19.00 Auer am FESTSALL vum LNB alueden.
Hei den Ordre du Jour :
1. Usprooch vun eiser Presidentin Caroline Welter
2. Begréissung duerch de Direkter vum LNB Yves Schmartz
3. Aktivitéitsbericht vum Sekretär
4. Keesebericht vum Tresorier
5. Bericht vun de Keesereviseuren
6. Ofstëmmung vun de Rapporten
7. Wale fir en neie Comité.
8. Wal vun 2 Keesereviseuren.
9. Presentatioun vum Budget fir 2026
10. Aktivitéite fir 2026; all Propositiounen si wëllkomm.
11. Verschiddenes
Fir den neie Comité stinn all déi aktuell Memberen nees zur Verfügung; mir hoffen awer op e puer nei Kandidaturen.
13/03/2026
Mir wollten iech op eis dësjäreg Generalversammlung en Dënschden, de 24. Mäerz um 19.00 Auer am FESTSALL vum LNB alueden.
No der Generalversammlung ass ewéi ëmmer e Buffet (20.00 Auer), dëst Joer combinéiert mat enger Degustatioun vu Wäiner aus dem Haus FRU.
Wann der derbäi wëllt sinn, da mellt iech, bis spéitstens Donneschdes, den 19. Mäerz u, per Mail : [email protected]. De Präis vum Buffet ass 35 €, ze iwwerweisen op de Kont.
Och Leit déi net op d’AG kënnen oder wëlle kommen, kënnen sech awer fir de Buffet an d’Degustatioun umellen.
AMICALE DU LYCÉE NIC BIEVER
LU66 0019 7955 8618 3000
Opgepasst mir hunn en neie Kont bei der BCCE.
Vergiesst w.e.g. net och är Memberskaart ze iwwerweisen (15 €) fir déi, déi et nach net gemaach hätten. Merci.
De Buffet kënnt dëst Joer um Traiteur-Remacle
D’Wäin Degustatioun ass vu FRU by Georges Schiltz.
Hei kritt der méi Informatiounen iwwert dat Haus : https://fru.lu/
16/02/2026
Interessante Liesowend mat esouwuel de Kënschtler wéi dem Public op der Bün vum LNB !
Am Gespréich mam Caroline Welter, huet d’Faby Schintgen aus sengen 2 Romaner Komplett am Eemer a Blaustufen virgelies an d’Elma Kajevic eng Selektioun vu senge Gedichter op dräi verschidde Sproochen.
D’Carla Bellucci huet um Piano begeeschtert mat Stécker vum Debussy, Chopin a Mozart.
📚🎹
28/01/2026
Mir invitéieren Iech ganz häerzlech op eise nächste Liesowend, den 9. Februar um 19:00 am Festsall vum LNB 📚.
Dës Kéier ginn Texter vum Elma Kajevic a vum Faby Schintgen virgedroen. Musikalesch gëtt den Owend begleet vum Carla Bellucci.
➡️ Dir kënnt Iech nach bis den 8. Februar umellen iwwert www.alnb.lu oder mat per E-Mail op [email protected].
14/01/2026
Mir organiséieren och dëst Joer e puer Liesowender an deen éischten dervun ass e Méindeg, den 9. Februar um 19.00 Auer am Festsall vum LNB.
Déi, déi wëllen derbäi sinn, sollen sech w.e.g. bis Sonndes, den 8. Februar umellen; entweder per Mail op [email protected] oder iwwert eise Site www.alnb.lu
📚
28/10/2025
Ewéi scho bal Traditioun, organiséiere mer och dëst Joer nees eisen Afterwork am LNB.
Et ass eng ganz gutt Geleeënheet fréier Schoulkolleegen, Proffen , asw. erëm ze gesinn an e puer Neiegkeeten auszetauschen. Dat leschte Joer ware mer zu iwwert 120.
Ewéi all Joers gëtt et och e klenge Maufel an eppes géint den Duuscht.
Fir d‘Onkäschten ze decke musse mer eng kleng „Participation aux frais“ vu 25 € froen.
Déi, déi sech wëllen umelle sollen dat bis Donneschdes, den 20. November maachen; entweder per Mail op [email protected] oder iwwert eise Site www.alnb.lu. Är Inscriptioun ass effektiv wa mer déi 25 € op eisem Kont hunn.
Opgepasst mir hunn e neie Kont bei der BCCE:
AMICALE DU LYCÉE NIC BIEVER
LU66 0019 7955 8618 3000