11/05/2026
Eisen 1. Rallye fir Kanner, den 10. Mee! ☀️🥳
Bei beschtem Wieder ☀️ sinn déi verschidden Équipen duerch Konsdref gezunn a hu sech bei flotte Spiller, knifflege Froen an enger klenger Stäerkung mat Uebst ameséiert. 😜 Nom Rallye konnt jiddereen de Mëtteg nach gemittlech bei engem Maufel 🌭 🍟 an engem Patt ausklénge loossen, wärend d’Kanner sech um Sprangschlass ausgetobt hunn.
E grousse Merci un Sponsoren, un all d’Participanten an un all déi, déi gehollef hunn, dësen Dag esou flott ze maachen. 👍🏻 Mir freeën eis schonn op déi nächst Editioun! 😊