21/08/2026
🌞✨ Hei e klenge Recap vun allem, wat an der Summervakanz bis elo eseu lass woa! ✨🌞
Wat fir eng wonnerschéi Summervakanz! 🥰💛
Déi lescht Wochen hun mir zesummen mat de Kanner ganz vill entdeckt, gestaunt, gelacht, gespillt a geschmaacht. 🌈
Bei deenen villen waarmen Summerdeeg gouf et näischt Besseres wéi eng kleng Ofkillung an der Schwämm zu Rodange oder mat Wasserspiller op eiser Terrasse! 💦☀️
Mat vill Planschen, Sprangen, Spillen a ganz vill Laachen hun mir de Summer eseu richteg genoss. 🥰🌞🏖
🌳 Op Entdeckungsrees am Park zu Merl
Mat vill Energie a gudder Laun si mir op Entdeckungsrees an den renoveierten Park zu Merl gaangen. 🌿☀️ Tëscht Beem a Gréngs gouf et vill ze kucken an natierlech och vill Plaz fir ze lafen, ze spillen an zesummen eng flott Zäit ze verbréngen. Eis Butzen hun dei nei Spiller super flott fonnt! 🛝🥰
💧 E flotten Dag um Val d’Irée
Waasser, Natur an eng grouss Portioun gudder Laun! 💦🌱 Mir hunn d’Ëmgéigend entdeckt, mat Waasser gespillt an de schéine Summerdag dobausse genoss. Eis Butzen hun schwammen emol ahnecht erliewt wei an enger Schwemm an dat huet hinnen relativ gudd gefall!
Et gouf vill ze entdecken, mir hun eppue Fesch an Libellen gesin an den Paiperlecken nogeguckt wei se vun Blumm zu Blumm fleien. ☀️🐟🦋
🦌 Op Besuch am Escher Déierepark 🦌
Bei eisem Besuch am Escher Déierepark konnten eis kleng Entdecker sech op d’Spuere vun den Déieren machen an d’Natur aus enger ganz neier Perspektiv erliewen. 🌱🌼
Mir hunn déi verschidden Déiere ganz virwëtzeg beobacht, hir Beweegungen an Téin entdeckt an eis gefreet, wa mir eise pelzege Frënn ganz no komme konnten. Verschiddener dueften mir sugue fidderen an heemelen! Dat woa en Erliefnis!🐐🐇🦆💚
👩🍳🎨 An eiser Kichen gouf et och ni langweileg! Well wat ass eng Summervakanz euni Seissechkeeten? 🤣
Bei eisen Baak Atelieren konnten d’Kanner sech ausprobéieren, matmaachen an natierlech och e bëssen schneeken. 😋
Techent Pancakes, hausgemaachtem Pudding mat selwergemaachter Spekulatiuskrem , Dubai Chocolate an engem leckeren Moelleux au chocolat sin eis kleng Schleckermausen gudd verwinnt gin!🥞🍮🍫🍰
💛 Eng Summervakanz voller klenger Abenteuer
Mir si frou des flott Errenerungen mat eisen Butzen kennen ze sammelen an mat iech kennen ze deelen! 🌈☀️🥰