Léif Erstis,
Häerzlech Wëllkomm zu Köln! Den LSC-Comité begréisst iech alleguerten an eiser schéiner Doum-Stad.
Fir e puer vun iech ass d’Semester schonn amgaang, fir déi aner geet et elo lass. Hei nach e puer wichteg Infoen fir iech:
Mir hunn verschidde Gruppen op Facebook an Whatsapp, ënner anerem fir Wunnengssich, Matfuergeleeënheeten oder Sport.
Déi meescht Infoe gi mir awer iwwer Instagram an eis Whatsapp-Community eraus, do kann een och den Event-Plang vum aktuelle Semester gesinn.
Mir organiséiere all Woch en Event (Dënschdes) an e Stammdësch (Donneschdes).
Dir sidd ëmmer häerzlech agelueden a kënnt fräi no Loscht a Laun dobäi kommen.
Bei all Event poste mir d’Detailer an d’Storie an och op Whatsapp.
Bei Froe kënnt dir iech zu all Moment iwwer eis Accounts oder och privat bei eis mellen.
Mir freeë eis drop, iech geschwënn op engem vun eisen Eventer oder um Stammdësch ze gesinn!
Bis geschwënn,
Ären LSC-Comité
P.S.: Den 14.10 ass eisen Ersti-Day – d’Umeldung sinn elo schonn op. Link: https://forms.gle/kmZ3FSBk6U84aTg37
LSC - Lëtzebuerger Studenteclub Cölln
Hei fannt dir all d’Events déi den LSC organiséiert, wichteg Infos zum Studenteliewen an sidd emmer Up-to-date.
28/06/2024
Sécher dir nach däin Ticket fir de Studentebal!
🎟️ https://docs.google.com/forms/d/1DUcAwwUnkp3i8QGwYZH7NIYhBbmbIBrEI6RO1QFXKU0/viewform?edit_requested=true
Muer an enger Woch ass et endlech sou weit de Studentebal 2024 fënnt op der Wiss beim Bouillon statt. Du brauchs nach Tickets?
Dann schreif eisen Cerclen einfach op Facebook.
Hei fann dir all Cerclë wou nach Tickets verkafen:
LST - Lëtzebuerger Studenten Tréier
LSS-Lëtzebuerger Studenten zu Saarbrécken asbl
LSK - Lëtzebuerger Studenten zu Kaiserslautern
ANEIL
ALEM - Luxembourgish Medical Students' Association
ANESEC - Connecting future economists
LSH - Lëtzebuerger Studenten zu Heidelberg
AELP Comité
LETZ' AIX
Grand-Ducale : "D'Letzeburger zu Léiwen"
LSMaas - Lëtzebuerger Studenten zu Maastricht
Lëtzebuerger Studenten zu Düsseldorf
LSZ - Lëtzebuerger Studenten Zürich
AELL - Lausanne
Comité Friblëtz
Amicale des Étudiants Luxembourgeois à Karlsruhe a.s.b.l. (AELK)
Sluf Elch
ALUS
VLIB - Letzebuerger Studenten zu Berlin
L.S.W. Lëtzebuerger Studenten Wien a.s.b.l.
LSI - Lëtzebuerger Studenten Innsbruck
Da Seppl
LSC - Lëtzebuerger Studenteclub Cölln
AVL - Lëtzebuerger Studenten zu Oochen
Hibou Celb
CELBas
Lëstlé
Liked an deelt eise Video fir eis um De Studentebal 2024 op der beschter Plaz am Zelt ze gesinn! 🫶
03/06/2024
Ab ELO kritt dir bei eis Tickete fir de Studentebal!🍻🎉
De 05.07. op der Wiss beim Bouillon kënnt dir e legendären Owend mat flotter Musek a Special Drinks verbréngen. 🪩🕺
De Virverkaf kascht nëmmen 10€. Also maacht iech schnell bäi a reservéiert är VVK Entrée. 💸🎟️
De Link fir den Ticketshop🔗: https://docs.google.com/forms/d/1DUcAwwUnkp3i8QGwYZH7NIYhBbmbIBrEI6RO1QFXKU0/viewform?edit_requested=true
30/05/2024
🎓 Kennst du schon easyPROTECT Discover von LALUX Assurances Versicherungen, das erste Versicherungspaket für Studenten?
🏆 Als Student in Köln, kannst du am Gewinnspiel von LALUX teilnehmen und mit etwas Glück ein Abonnement für 10 Konzerte deiner Wahl gewinnen, die von den Atelier angeboten werden.
👉 Um am Gewinnspiel teilzunehmen, einfach hier entlang: https://www.lalux.lu/de/info-tools/formulare/gewinnspiel-studentenvereinigungen?stadt%3DK%C3%B6ln%26no_cache%3D1
15/05/2024
Eis Events sou ze gestalten wéi dir se kennt geet net ganz ouni Hëllef. 🙋
Dofir soe mir een extra grousse Merci un eise Sponsor d’Spuerkeess. 🫂Ouni hier Ënnerstëtzung wieren eis Events net sou grouss wéi se et sinn! 💯
Merci Spuerkeess🫶
Klicken Sie hier, um Ihren Gesponserten Eintrag zu erhalten.
17/06/2025